top of page

Firwat et sech lount eis no enger Remise des Clés ze engagéieren

Ween kennt dat net. Dier hutt een Haus kaaft, Gebaut oder Renovéiert. An meescht vill ze spéit fält Iech op dass gewëssen Aarbechten net sou realiséiert goufen wei geplangt. Meeschtens ass et dann ze spéit fir ze reklaméieren oder fir den Firmen den Schuet nozeweisen.


Fir Leit déi net vum Fach sinn ass dat effektiv net einfach. Wann een sech dann beim Promoteur beschwéiert, gëtt een oft exküseiert oder dem Client gëtt vermëttelt dass des Mëssel an der Norm leien géifen.

Fir dass Iech dat net geschitt kommen Mir gären no der Remise des Cles bei Iech an är nei Wunneng oder Haus fir sämtlech Detailer ze kontrolléieren .


Beim emsetzen an beim finissage vun Aarbechten happert et leider oft.


Virun allem leen mir wäert op Detailer,Ondichtheeten, Pont Thermique,Téitschen un Maueren, Fassade Dieren,Ustrach,Dichtungen, Schréipen vun den Fenstren, Mise en Oevre vum Buedembelag, Huel Platzen, sos Detailer ,Fonctionement vun den techneschen Apparater an villes méi. An gleeft eis, mir keinnten eis eegen "Pfusch am Bau" Säit mat eisen gesammelten Fotoen bedreiwen!



Wat fir Virdeeler bitt eisen Service

Dësen Service ass do fir den Client iwwert Mëssel, Mängel vun deenen geleeschten Aarbechten, an och vun net realiséiert Aarbechten opmierksam ze maachen an no der Expertise des schrëftlech dokumentéieren. Mat der Expertise kann den Client (oder mir bei Bedarf) bei den Entreprener, Promoteur oder Affekot goen fir dass d' Problemer net schleefen gelooss ginn an d'Aarbechten verbessert ginn.


Wei laang Dauert d'Kontroll vun dem neien Gebai?

Bei engem Haus brauchen mir an der Reegel 2 Stonnen bei engem Appartement 1 Stonn.

Bei Industriehalen, Ställ kann dëst extrem Variéieren. Hei schaffen mir d'Office op d'Stonn.

Den Rapport vun der Expertise hudd Dir spéitsdens innerhalb vun enger Woch.


Fir Wien ass dësen Service geduecht?

Den Service ass geduecht fir jiddereen den Baut, keeft oder Renovéiert. Vun engem neien Buedzëmmer bis zur neier Industriehaal, mir sinn fir Iech do.










90 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen
Beitrag: Blog2_Post
bottom of page