Wat ass wierklech Ökologesch bauen?

Oft gëtt den Neibau als ökologeschen Fortschrëtt duergestallt, mee ass dat wierklech den Fall?

Styropor, Pu Schaum an virun allem vill Beton, sënn alles awer net einfach ofzebauen.

Bei der Produktioun vum Beton an vun den Bléck gëtt vill C02 produzéiert. Net nëmmen dass d’Produktioun vun deenen Stoffer energetesch extrem opwänneg ass, mee dëss gi duerno och nach mat Styropor agekleet den fir den Recyclage eng reegelrecht Katastroph ass.


Mee wei eng Alternativen ginn et fir Ökologesch ze wunnen?


Tinyhaiser sinn flott awer sinn och net wierklech méi wei eng Roulotte am schéinen. Firwat net een modernt Holzhaus? All 40 Sekonnen wiest een Holzhaus no. Am Total wuel gemierkt.

Natierlech kënnt dir och ganz klassesch een aalt Haus renovéieren. Dat bréngt net nëmmen eng gutt Ökobilanz mee och oft een angeneemt Raumklima. Mat engem alen Haus kann een sech och iwwerhuelen. Dofir roden mir Iech un Eech een Expert mat op Visitt oder virun den Ëmbauaarbechten em Root ze froen. Virun allem wann Dir et selwer renovéieren wëllt. Fir dass Dir mat aller sëcherheeet an eng gutt Zukunft, och DIY starten kënnt!



Wann Dir well een Haus hutt, an et ökologesch Renovéieren an oprëschten wëllt, kennen mir Iech nëmmen roden mat System virzegoen.

Energyberoder roden Iech ëmmer fir déi komplett Enveloppe ze maachen, zemools wann et em d’Primmen geet. Bei engem eeleren Haus, wou een dat komplett energetescht Konzept net ëmsetzen kann, kritt iwwer Zäit nees Problemer. Iwwer Pont-Thermik'en, Fiichtegkeet an Schimmel. Aal bestoend Haiser goufen net konzipéiert fir sämtlech Wärmebrücken ze evitéieren oder als Dichten Ensembel oft ouni VMC ze bestoen.

Dofir eis Devise, erëmfrot Iech bei ärem Expert an ärem Energieberoder. Besuergt Iech eng nei Heizung, Dämmt den Dach, an besuergt Iech nei Fënsteren! Elleng mat deenen Punkten sinn déi gréissten Energiefriesser ofgedeckt. D’Fasse, Kellermauren bréngen och nach eng 30%, sinn awer unhand den Käschten an den benotzten Materialien wei och duerch Dachiwwerstänn, Trappen, Fënsterbänken an wéinst dem Style net gutt ze realiséieren, an sprengen oft den Budget. D'Fasse créeiert an 75% vun den Fäll déi meeschten Problemer no der Renovatiounsphase.


Dofir eisen Tipp, Face usträichen an ausflëcken




4 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen