Wei kann Ech Schimmel an Fiichtegkeet vermeiden, an wei ginn Ech en lass?


Schimmel an Fiichtegkeet gesäit een hei an Lëtzebuerg vill an gefillt ëmmer méi! Net nëmmen dass Fiichtegkeet an Schimmel onangeneem ass, Muffeg richen kann an einfach net schéin ass, ne Schimmel kann och gesondheetlech Problemer mat sech bréngen. Virun allem Asthmatiker wëssen iwwer d'Konsequenzen bescheet.


Wou kennt Fiichtegkeet dann elo iwwerhaapt hier?


Net nëmmen beim Kachen, Wäschen, Duschen mee och Mir Mënschen ginn all eis gewëssen Dosis Fiichtegkeet iwwert eis Ootmung an den Raum of. Dëst ass alles keen Problem fir eist Gebai falls den wäert net een gewëssenen Debil iwwerschreit.

Den normalen Raumklima soll eng Loftfiichtegkeet vun 40-60% bei 20-22° Celsius hunn. Dat ass een Wäert wou sech net nëmmen d'Mënschen wuel villen , mee och een Wäert den d'Gebai handhaben kann an ënner normalen Ëmstänn och selwer reegelt.


Den Problem entsteet sou bal d'Valeur vun der Loftfiichtegkeet Steigt oder Temperatur fällt!


D'Loft wei och d'Mauerwierk kann nëmmen eng gewëssen Valeur un Fiichtegkeet ophuelen. Wei virdrun gesot, reegelt d'Gebai, d'Mauerwierk zum deel d'Fiichtegkeet an dem d'Mauerwierk Fiichtegkeet ophellt an oofgett.


D'opnam vun der Fiichtegkeet aus der Loft ass awer Temperaturofhängech!

Wann Temperatur fällt kann d'Loft net méi sou vill Fiichtegkeet späicheren an et kennt zu Fiichten Platzen.

Dat kann een virun allem

am Hierscht wei am Wanter gesinn wann Temperaturen fällen. Bei 20° mat enger Fiichtegkeet vun 50% kennt et bei normalem klassechen Mauerwierk zu Fiichtegkeet an nennt sech Kondenzwaaser. Desst ass virun allem op sou genannten "Pont Thermique" och "Wärmebrücken" genannt ze fannen.


Kondenzwaaser kann awer och duerch eng ze heich Loftfiichtegkeet ab 70-100% endstoen. D'Gemeiers wei d'Loft sin iwwersättegt an ginn d'Fiichtegkeet duerch Kondenz un den Raum oof. Virun allem sinn och hei Wärmebrücken méi betraff.

Dësen 2. Fall fënnt een virun allem bei gutt Isoléierten an dichten Haiser, an virun allem no der Renovatioun vun alen Haiser! Duerch déi dicht Bauweis kennen d'Maueren net méi transpireieren. Wat ënner anerem een Grond ( nieft der Energieerspuernis) vun enger "Kontrolléierter Ventilatioun "vun deenen neien Haiser ass.


Duerch déi undauernd héich Konzentratioun un Fiichtegkeet kann sech schlussendlech Schimmel bilden. (Dofir muss sech awer nach keng Kondenz entwéckelt hunn!)


D'Léisung kann simpel sinn!


Richtegt Lëften wei och den gebrauch vun enger Belëftungsanlag hëllefen déi fiicht Loft aus dem Raum ze kréien! Richtegt Lëften heecht, d'Fënsteren wärend 5 Minutten 2-4x den Dach GROUSS opmaachen. Am beschten d'Fënster fir an eng Hannen, Duerchzoch ass erwënscht!. Wichteg ass d'Raumdieren opmaachen.

D'Fënster laang op Kipp setzen ass dogéint Kontra produktiv. D'Raumloft gett net wierklech ausgetosch an just ofgekillt. Resultat, Fiichtegkeet setzt sech nach méi an den Maueren erof! (Dei Rumeuren dass eng VMC d'Loftqualitéit verschlechtert ass och zudeem een Märchen. An och hei kennt Dir d'Fënsteren opmaachen an Lëften.)


Fiichtegkeet vermeiden. Natierlech kann een net op seng Wäschgewunnechten verzichten. Wei bei der Wäsch kennt dir 2-3 Liter Fiichtegkeet vermeiden an dem's Dir een Trockner benotzt oder dir d'Wäsch dobaussen ophänkt.

Falls dir eng Fënster am Buedzëmmer huet, besuergt Iech een elektreschen Heizlüfter. Mam Heizlüfter kennt dir den Raum sou richteg gutt ophetzen. Wann dir elo an' Dusch gitt kann d'Loft den supplementär un Fiichtegkeet besser ophuelen. Duerno maacht dir d'Fënster grouss op, an déi komplett fiicht Loft kann esou schnell duerch frësch méi dreschen Loft ausgetosch ginn.


Raumtemperatur erheigen helleft och. Waarm Loft hellt méi Fiichtegkeet op. Net ze vergiessen bleiwen d'Wärmebrücken, dofir lëften net vergiessen!


Isoleieren an Wärmebrecken vermeiden

Isoléieren KANN Effektiv sinn fir dass den Problem mat Schimmel oder mat Fiichtegkeet verschwennt. Eng schlecht Ëmsetzung kann den Problemer awer drastesch verschlëmmeren!

Dofir net op gutt Gléck lass Isoléieren. Zemools bei alen Haiser. Wann den Isoleierkonzept net stemmt, verschlëmmert dir den Problem. Beispill dir Isoléiert d'Maueren, mee Investéiert net an nei Fënsteren oder d'Isolatioun vum Dach, dann wär Dir iech an enger Situatioun rëmfannen wou em‘ Decken, Fënster Sockel extrem Fiichtegkeet an Schimmelproblemer entstoen wäerten. Ier dir existent Haiser isoléiert, huelt Iech een Expert zur Seid den Eech beréit!


An déi gutt Hausmëttelen géint Schimmelflecken

Wien kennt et net d'Schwéiermamm kennt den Schimmel gären mat Esseg oder Alkohol weg maan, sie huet dat iergendwou héieren an klappt wonnerbar....


STOP!

Esseg an Alkohol hëllefen effektiv den eichten Moment bei der bekämpfung vum Schimmel. Sinn déi schaarf Undeeler vum Alkohol an Esseg bis verflunn bleift den meescht zockerhaltegen Fong iwwereg an déngt dem Schimmel als perfekt Basis fir nei an virun allem besser ze sprießen.


Greift dofir éischter op Aceton, Waasserstoff Peroxid (kritt een beim Coiffeur) oder Eau de Javel. Leider hëllefen all dei "natierlech" Rengegungsmëttel neicht (oder net sou gutt ) géint eisen Schimmel.



An falls Dir ären Problem no all deenen Tipps nach ëmmer net geléist kritt muss Dir net verzweiflen. Dofir sinn Mir fir Iech do!

Dir kennt Iech einfach via Telefon oder Mail bei eis Mellen

+352 621 76 66 68 oder igiexpertise@gmail.com

















270 Ansichten0 Kommentare

Aktuelle Beiträge

Alle ansehen