5 Tipps wei een den Perfekten Immobilien Schnäppchen fënnt
Aktualisiert: 29. Okt. 2020
Nee, dat ass keen Witz, och an Lëtzebuerg ass dat méiglech!
1. Tipp
Heiert Iech an äerem Bekanntekrees em. Oft sinn Leit déi wéinst hirer Aarbecht, Trennung oder eng er Ierfschaft een Haus oder eng Wunneng ze verkafen hunn. Huelt direkt Kontakt mat där Persoun op. Meeschtens kritt dir d'Gebai oder Wunneng zu engem besseren Preis an Dir Spuert Iech d'Käschten vun der Immobilière.
2. Steeën, Zwangsversteeungen
Hei kann een richteg gutt Geschäfter man. Sou Steeën ginn reegelméisseg an Zeitungen an op Guichet.lu publizéiert. Hei kann een fir een richteg gudden Preis Gebaier ersteeen. Me sitt Iech bewosst dass dir eng Bankgarantie am viraus braucht an dass d'Konkurrenz net op sech waarden léist. Natierlech muss dir domadder rechnen dass d'Gebai net ëmmer am beschten Zoustand ass.
3. Aal Renoveierungsbedürfteg Haiser
Fir vill Leit ass dat déi gréissten Horror Show, fir aner een Schnäppchen. Virun allen wann een d'Sanéierungsaarbechten selwer kann maachen.
4. Facbook Marketplace
Jo, et sinn net ëmmer déi Serieux'sten Offeren do ze fannen. Oft ginn och hei iwwerdriwwen Präisser annoncéiert. Awer och hei kann een Pärelen fannen. Virdeel, et huet een direkten Kontakt zum Proprietär an et kann een Eventuell am Preis nach eppes maachen. Wat beim Immobilière sou lues seelen gëtt, well hei ass d'Ufro mëttlerweil méi grouss wei den Marché
5 an Lächten Tipp
Virun allem bei Appartementer, déi eicht sinn bei engem Neibau. Oft wann nei Citéen oder Residenzen gebaut ginn, sinn déi eicht Bauplazen, déi Eicht Appartementer déi verkaaft ginn, déi Bellechst! Projeten mussen schnellstméiglech finanzéiert ginn, an dowéinst ginn déi eicht Grondstécker an Wunnengen zum beschten Preis verkaaft. Mee stellt Iech drop an dass Dir evt. laang drop warden musst. Zudeem gëtt dëst leider och oft als Investitiounsméiglechkeet vun Investoren genotzt. Nom ofgeschlossen Bau sinn d'Appartementer an der reegel méi wäert well'Leit direkt ranzéien kennen an sech evt. den Wäert vum Marché remm geklommen ass.
